Innovatioun oder roueg Politik an der Kontinuitéit ?

Iwwert de Koalitiounsaccord an d'Ressorte pro Partei gouf e Sonndeg am Presseclub geschwat.
9 Plenièren an Dosende vun Aarbechtsreunioune waren néideg - elo steet de Koalitiounsaccord, grad wéi dass d'Ressorten tëscht Blo, Rout a Gréng verdeelt sinn.
Mä wéi ass de Contenu ze bewäerten: Innovatioun oder roueg Politik an der Kontinuitéit? Wat ass ënner "Wäitsiicht", ambitiéis a Gerechtegkeet ze verstoen?
Mir hunn d'grouss Linnen, déi d'Verhandlungspartner ausgemaach hunn, ënnert d'Lupp geholl - an der Journalisteronn um Sonndeg.
Am Presseclub dëse Sonndeg waren dës Invitéen:
de Marc Schlammes vum WORT
d'Josée Hansen aus dem Land
de Richard Graf vun der WOXX
an den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.