Neijoerschpätt, Parteikongresser, Brexit an Europawalen

Ënnert anerem dat sinn d'Sujeten am éischte Presseclub fir dëst Joer, dëse Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.
D'Joer ass och politesch lancéiert - d'Regierung huet sech am éischte Regierungsrot fir 2019 gesinn - villes ass nees am Floss, op den Neijoerschpätt goufen ewell Jalone gesat.
D'Joer gëtt sécher dominéiert vum Brexit - ënner wéi enger Form och ëmmer, vun de Parteikongresser vun CSV an LSAP dëse Mount, den Europawalen am Mäerz an natierlech de Preparative fir de Verfassungsreferendum.
Am éischte Presseclub fir dëst Joer diskutéieren iwwert dës Sujeten:
d'Dani Schumacher aus dem Wort,
de Christoph Bumb vu Reporter,
de Robert Schneider aus dem Tageblatt
an de Claude Karger vum Journal.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.