Fonds du Logement, nei Parteispëtzten a gratis ëffentlechen Transport

Ënnert anerem dat waren d'Sujeten am Presseclub, e Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.
Frank Engel a Felix Eischen bei der CSV a Franz Fayot an Tom Jungen bei der LSAP: Sou heeschen zanter dëser Woch déi nei Presidenten a Generalsekretäre vun den zwou fréiere Volleksparteien am Land. Bei der LSAP waren déi Personalie kloer, well et keng aner Kandidate fir déi zwee Poste gouf; bei der CSV dogéint gouf et, wat d'Plaz vum Kapitän um Schëff ugeet, en Duell tëscht dem Europa- an dem nationalen Deputéierten, deen de Frank Engel um Enn fir sech entscheede konnt, géint de Serge Wilmes. Muss den neie President elo eng gespléckte Partei nees zesumme bréngen oder geschitt dat bei de Chrëschtlech-Sozialen ouni Problemer? A kritt déi nei Féierungsekipp vun de Sozialisten d'Schëff nees inhaltlech op Kurs?
Anere Sujete sinn nach de gratis ëffentlechen Transport, deen an eppes méi wéi engem Joer Realitéit soll ginn, de Moment awer v.a. vill Froen opwërft, an iwwert de Bedruch vum Fonds du Logement, deen enger Arnaque zum Affer gefall ass an e puer Honnertdausend Euro a Polen iwwerwisen huet.
Invitéiert waren:
de Claude Karger vum Journal,
den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek,
de Marc Schlammes aus dem Wort,
an de Robert Schneider aus dem Tageblatt.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.