Sozialwalen, CSV, Mëssbrauch a Medwedew
Ënnert anerem dat waren d'Sujeten am Presseclub e Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.
D'Sozialwalen, de Plang vun der CSV-Parteispëtzt fir d'Zukunft, d'Excusë vun der kathoulescher Kierch u Mëssbrauchsaffer, d'Visitt vum russesche Premier Medwedew an d'Liser-Etüden iwwert de Logement.
D'Aktualitéit war gutt gefëllt déi lescht Deeg - mir hu se an der Journaliste-Ronn um Sonndeg analyséiert a kommentéiert.
D'Invitéen am RTL-Presseclub waren:
Dani Schumacher vum Wort,
de Luc Caregari vun der Woxx,
de Romain Hilgert aus dem Land
an den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.