Ënnert anerem dat waren d'Sujeten am Presseclub e Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.

Wat ass sech vun den Europawalen ze erwaarden? Wéi steet Lëtzebuerg mat senger Klimapolitik do? A wouhi steiert d'Luxair mat engem neie Mann un der Spëtzt?

D'Invitéen am RTL-Presseclub waren:

Christoph Bumb vu reporter.lu
Claude Karger vum Journal
Robert Schneider vum Tageblatt
Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort

AUDIO: De Presseclub vum 19. Mee 2019

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.