Depart Schneider, Steierreform, Tensiounen USA-Iran

Ënnert anerem dat waren d'Sujeten am Presseclub, e Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer op Radio Lëtzebuerg.
Dat neit Joer ass un. Dëse Sonndeg hu mer eng éischte Kéier de Point mat Journalistekolleege gemaach an hunn en Ausbléck op 2020 gewot.
Wat bedeit den Depart vum Etienne Schneider fir d'Regierung a fir d'LSAP?
Kann eng Steierreform zur Zerräissprouf dir d'Dräierkoalitioun ginn?
Wat fir Ausmoosse kënnen d'Tensiounen tëschent den USA an dem Iran unhuelen?
Am éischten RTL-Presseclub vum Joer hu matdiskutéiert:
De Marc Schlammes vum Wort
D'Josée Hansen vum Land
De Christoph Bumb vu Reporter
an de Joël Adami vun der Woxx
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.