Ënnert anerem dat sinn d'Sujeten am Presseclub, e Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer op RTL Radio.

Wat ass zum Waringo-Rapport zur Moderniséierung vum Haff ze soen? Wéi geet et an der Regierung virun no der Ëmbildung? Wou steet Lëtzebuerg mat senger Asylpolitik? A wat fir eng Schlëss sinn aus dem Zoumaache vu Spuerkeess-Agencen ze zéien?

Doriwwer schwätzen dëse Sonnden:

De Richard Graf vun der woxx.
Den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek
De Robert Schneider vum Tageblatt
D'Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.