D'Corona-Pandemie an déi drastesch Mesuren, déi d'Regierung och hei am Land geholl huet, dominéieren natierlech och de Presseclub um Sonndeg.

Mir schwätzen iwwert d'Decisiounen, déi geholl goufen, fir d'Verbreede vum Virus ze verhënneren, iwwert d'Kommunikatioun ëm de Virus an natierlech d'Repercussiounen op d'ëffentlecht Liewen am Land. Invitéeën um Sonndeg waren:

d'Dani Schumacher vum WORT
de Raymond Klein aus der Woxx
d'Ines Kurschat vum Land
an den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt

Den RTL-Presseclub vum 15. Mäerz 2020

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.