Eenzeg an eleng ëm de Coronavirus goung et e Sonndeg am Presseclub.

Ass d'Exit-Strategie vun der Regierung déi richteg? Waren d'Mesurë vum Lockdown an dem Confinement ze streng? A wéi fält den Tëschebilan aus no engem Mount Etat de Crise hei am Land?

Doriwwer hu mer dëse Sonndeg mat eisen Invitéë geschwat.

RTL-Presseclub vum 19. Abrëll

Invitéen um Sonndeg waren:

de Pol Schock vum Lëtzebuerger Land
den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt
an de Raymond Klein vun der Woxx

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.