Wat sinn d'Mesurë wäert?
E Sonndeg am Presseclub hunn d'Dani Schumacher, de Christoph Bumb an de Luc Caregari diskutéiert.
Ze vill, ze mann? Ze streng - net restriktiv genuch? Iwwert d'Weiderféiere vun de Covid-Mesuren, déi fir vill Leit näischt bis ewell bruecht hunn, ka vill debattéiert a gestridde ginn.
Wat sinn d'Mesurë wäert? Iwwerweit d'Ekonomie viru Mënscheliewen an ass d'Vertraue vun de Leit an d'Regierungsstrategie nach ginn?
Dës Froen hu mer eis e Sonndeg am Presseclub gestallt.
Aner Sujete waren natierlech d'Resultater vun der Sonndesfro an d'Debatt ëm d'Sécherheet an der Stad.
An der Journalisten-Ronn waren:
d'Dani Schumacher vum Wort
de Christoph Bumb vum Online-Magasin Reporter
an de Luc Caregari vun der Woxx
De Presseclub um Sonndeg, wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live op RTL Radio an an Toun a Bild op RTL.lu.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.