E Sonndeg am Presseclub hunn d'Dani Schumacher (Wort), de Peter Feist (Land) an de Raymond Klein (Woxx) diskutéiert.
Iwwert déi nei Anti-Covid-Bestëmmunge geet natierlech och am éischte Presseclub vum Joer 2021 rieds.
Gëtt ze séier opgemaach? Sinn d'Restriktiounen nach koherent a gi se vun de Leit matgedroen? Spillt d'Regierung hir Virbild-Funktioun? Ass alles richteg bei der Commande mat de Covid-Vaccinë gemaach ginn? All dat froe mer am Presseclub dëse Sonndeg no.
En anere Sujet sinn natierlech déi quasi surreal Virgäng dës Woch zu Washington, woumat sech den Nach-President Trump komplett diskreditéiert huet, éier hien oftrëtt.
An der Journalisteronn waren:
d'Dani Schumacher vum Wort
de Peter Feist vum Land
an de Raymond Klein vun der Woxx
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.