E Sonndeg am Presseclub waren d'Dany Schumacher, d'Melody Hansen an de Raymond Klein eis Invitéen.

Well d'Corona-Zuele besonnesch bei de Jonken erop ginn, ginn d'Schoulen op en Neits an den Homeschooling. Wéi kommentéieren d'Journalisten déi Mesure a wéi ass allgemeng den aktuelle Krisemanagement vun der Dräier-Koalitioun ze bewäerten.

Mir maachen de Point am Presseclub.

Weider Theme sinn d'Demissioun vun der Europadeputéiert Monica Semedo aus der DP an d'Gewaltbereetschaft bei Jonken.

Invitéen am Presseclub waren:

d'Dany Schumacher vum Wort

d'Melody Hansen vum Journal

an de Raymond Klein vun der Woxx

07/02/2021 Presseclub

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an am RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.