E Sonndeg am Presseclub waren de Marc Schlammes, den Dhiraj Sabharwal an de Peter Feist eis Invitéen.

Wéi sinn d'Testobligatiounen am Horeca-Beräich an d'Praxis ëmzesetzen? Hätt d'Situatioun mam Felix Braz am Joer 2019 kënnen anescht geléist ginn? Gëtt et e Sécherheetsproblem an der Stad Lëtzebuerg oder net?

Ënner anerem dës Theme hu mer dëse Sonndeg an der Journalisteronn beschwat.

Invitéen am Presseclub waren de Marc Schlammes vum Wort, den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt an de Peter Feist vum Land.

Presseclub vum 16. Mee

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.