E Sonndeg am Presseclub waren d'Dani Schumacher vum Wort, de Christoph Bumb vu Reporter an d'Annick Goerens vun RTL.

D'Sécherheet am Garer Quartier suergt no engem Video fir gréisser Diskussiounen. Wéi schlëmm ass d'Situatioun? Wat fir Mesurë maache Sënn? Wéi sinn déi politesch Reaktiounen ze bewäerten?

En anert Thema an der Emissioun war déi afghanesch Flüchtlingsfro an d'Haltung vun der Europäescher Unioun an dësem Dossier. Och de Corona-Hierscht an déi aktuell sanitär Situatioun zu Lëtzebuerg gouf geschwat.

Ënner anerem doriwwer gouf e Sonndeg an der Journalisteronn diskutéiert. Invitéen am RTL-Presseclub waren dës Kéier:

d'Dani Schumacher vum Wort,
de Christophe Bumb vu Reporter,
d'Annick Goerens vun RTL.

De Presseclub vum 12. September

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.