E Sonndeg am Presseclub waren d'Dani Schumacher vum Wort, d'Pia Oppel vum Radio 100,7 an de Christoph Bumb vu Reporter.

Wéi eng Roll spillt d'Lëtzebuerger Finanzplaz bei de Pandora Papers? Fält d'Legaliséierung vum Cannabis an d'Waasser? Op wat fir e Covid-Hierscht musse mer eis astellen a wat ass sech vum État de la Nation ze erwaarden?

Mir maachen de Point an der Journalisteronn mat:

Dani Schumacher vum Wort,
Pia Oppel vum Radio 100,7
Christoph Bumb vu Reporter.

RTL-Presseclub vum 10. Oktober 2021

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.