Plagiatsaffär, Covid-Krisegestioun an Debatt ëm Verfassungsreform
E Sonndeg am Presseclub waren d'Dani Schumacher vum Wort, de Christoph Bumb vu Reporter an de Richard Graf vun der Woxx.
Wäert d'Plagiatsaffär vum Xavier Bettel politesch Konsequenze fir hien hunn oder wäert et der DP geléngen, d'Affär bis d'Walen 2023 ze begruewen? Wéi schléit sech dee Kredibilitéitsverloscht op d'Covid-Krisegestioun néier? An op d'Debatt ëm d'Verfassungsreform ?
Doriwwer hu mer dëse Sonndeg am Presseclub hei op RTL geschwat.
Invitéiert waren:
d'Dani Schumacher vum Wort,
de Christoph Bumb vu Reporter,
an de Richard Graf vun der Woxx.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.