E Sonndeg am Presseclub waren d'Dani Schumacher aus dem Wort, den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt an de Pol Reuter vun der online Plattform Reporter.

Hëlleft déi generaliséiert Booster-Impfung fir duerch de Corona-Wanter ze kommen? Wat muss der Regierung hir Strategie sinn an der Lutte géint d'Pandemie elo an der 4. Well? Wéi sinn d'Resultater aus dem Politmonitor z'erklären, wou jo reegelrecht d'Käpp gerullt sinn?

Ënner anerem iwwer dës Sujeten gouf e Sonndeg am RTL Presseclub diskutéiert.

RTL-Presseclub vum 21. November

Invitéiert waren:

d'Dani Schumacher vum Wort,
den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt,
an de Pol Reuter vun der online Plattform Reporter.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.