E Sonndeg am Presseclub waren de Marc Schlammes vum Wort, de Peter Feist vum Land an den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt eis Invitéen.

Bal e Sechstel vun der Regierungsekipp gëtt ausgewiesselt an d'Sonndesfro vun RTL a Wort mat Resultater, déi fir verschidde politesch Faarwe wéidinn - d'Woch war nawell eng vun den Extremer, wéi ee se seelen an der Lëtzebuerger Aktualitéit huet.

Dann nach eng Sécherheetsdebatt iwwer d'Zoustänn op der Gare an d'Bestriewungen, e Verfassungsreferendum ze erzwéngen. D'Land schéngt a schwieregen Debatte verfaangen, iwwerdeem 2G an 3G zum Alldag gehéieren.

RTL

© RTL-Grafik

Invitéiert waren:

De Marc Schlammes vum Wort.

De Peter Feist vum Land.

An den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.