E Sonndeg am Presseclub waren d'Dani Schumacher vum Wort, d’Melody Hansen vum Journal an de Peter Feist vum Land.

D’Regierung dierft op de Wee vun enger partieller Impfflicht goen, sou wéi den Expertegrupp dat proposéiert. Vu ville Säite kënnt awer Kritik, och wat den Zäitpunkt vun dëser Impfobligatioun ugeet.

Mir hunn dëse Sonndeg de Point an der Journalisteronn gemaach.

Wéi sinn d’Police-Asätz bei de Corona-Manifestatiounen ze bewäerten? Wéi geet et weider am Dossier SuperDrecksKëscht? Geet et duer, nodréiglech e Finanzéierungs-Gesetz ze maachen? Dat sinn aner Froen déi mer am RTL-Presseclub klären.

Presseclub vum 23. Januar 2022

Invitéiert waren:

  • D'Dani Schumacher vum Wort
  • D’Melody Hansen vum Journal
  • De Peter Feist vum Land

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.