Krich an der Ukrain, Accueil vu Flüchtlingen an aktuell Corona-Mesuren
E Sonndeg am Presseclub waren d'Sarah Raparoli vum Journal, de Raymond Klein vun der Woxx an de Luc Caregari vu Reporter.
De Krich an der Ukrain, den Accueil vun de Flüchtlingen zu Lëtzebuerg an déi aktuell Corona-Mesuren. Dat sinn d'Themen um Sonndeg am RTL-Presseclub.
Zënter 3 Wochen attackéiert Russland den Noper Ukrain. Et ass e ganz oniwwersiichtleche Krich, woubäi d'Zerstéierung an d'mënschlecht Leed grouss sinn.
Eng grouss Fro bleift: Wat wëll Russland, wat wëll de Putin?
Wat sinn d'Zeenarie fir dSuite vun dësem Krich an ass et eng westlech Utopie, un e Putsch a Russland ze gleewen an ze mengen, datt de Wladimir Putin am eegene Land gestierzt gëtt, sief et vun Oligarchen, déi sech vun him ofwenden oder vum eegene Vollek?
En anert Thema an der Sendung ass den Accueil vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg. Wéi eng Efforte mécht de Grand-Duché bis ewell, ass d'Erausfuerderung ze meeschteren an hält déi grouss Solidaritéit laang un?
Corona ass nach net eriwwer, obwuel een dat kéint mengen. War et de richtege Moment, fir bal all d'Mesurë falen ze loossen, lo wou d'Infektiounszuelen nees klammen.
Och doriwwer hu mer am RTL-Presseclub, vun 10 op 11 u bis Mëtteg hei um Radio, op RTL.lu an op der App geschwat.
Eis Invitéen
Sarah Raparoli vum Journal
Raymond Klein vun der Woxx
Luc Caregari vu Reporter.lu
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.