Solidaritéitspak an Deal mat Gewerkschaften, ouni den OGBL, déi richteg Äntwert?
E Sonndeg am Presseclub invitéiert, waren de Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort an de Christoph Bumb vu Reporter.lu.
Mam Tripartite-Accord an dem sougenannten "Solidaritéitspak" wëll d'Regierung d'Kafkraaft vun de Leit an de Betriber ënnerstëtzen. Ass den Deal mat der Union des entreprises, mam LCGB a mat der CGFP – mee ouni den OGBL – tatsächlech déi richteg Äntwert op d'Präisdeierecht? War et onméiglech och mam OGBL en Deal ze fannen oder huet d'Gewerkschaft sech selwer an den Abseits manövréiert? Wie sinn d'Gewënner vum Deal?
Doriwwer hu mer dëse Sonndeg am Presseclub geschwat.
Eis Invitéen waren
de Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort
an de Christoph Bumb vu Reporter.lu
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.