E Sonndeg am Presseclub invitéiert waren d'Annette Welsch vum Lëtzebuerger Wort, de Laurent Schmit vu Reporter.lu an den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt.

D'dach onerwaart Demissioun vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg bréngt d'gréng Partei annerhalleft Joer virun de Walen an eng penibel Situatioun? Wéi geet et an de Reie vun de Grénge weider a war dëst politescht Affer néideg?

Op wéi e politesche Fréijoer musse mer eis astellen, nodeems de Krich an der Ukrain op vill Secteuren an der Ekonomie en direkten Impakt huet? Wat sinn d'Repercussioune vun de franséische Walen op Lëtzebuerg?

Dat waren ënnert anerem d'Froen, déi mer eis dës Woch am Presseclub gestallt hunn.

Eis Invitéë waren

D'Annette Welsch vum Lëtzebuerger Wort
De Laurent Schmit vu Reporter.lu
Den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt.

RTL-Presseclub vum 24. Abrëll 2022

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.