E Sonndeg am Presseclub invitéiert waren de Marc Schlammes vum Wort, de Christoph Bumb vu Reporter an den David Marques vum Quotidien.

Am Presseclub gouf ënnert anerem iwwer d'Successioun vun der grénger Ministesch Carole Dieschbourg diskutéiert. Och an der Affär Gaardenhaischen gëtt et jo een neien Ament iwwer dee mer mat de Journaliste schwätze wollten.

An der Chamber ass et wéi op der Sprangprëssessioun. Zwee Schrëtt no vir an een zeréck. Den 25. Abrëll hat de Chamberbüro an d'Conférence des présidents nach zeréckbehalen, dass si iwwer den Dossier dierfe kucken an elo muss d'Parlament awer warscheinlech e gudde Schrack zeréckgoen. De Verfassungsexpert Luc Heuschling stellt nämlech a Fro, ob d'Chamber wierklech kompetent ass, fir iwwer den Dossier vun der Ëmweltministesch ze kucken. Wat seet den Ëmgang vun eisem Parlament mat der Causa Dieschbourg iwwer de Grand-Duché aus? Ëmmer nees kënnt et zu méi oder manner klenge Prozedurfeeler an ëmmer nees gëtt besonnesch vu méi oder manner bekannten Affekoten de Reproche gemaach, „mir sinn eng Banannerepublik".

Wat halen d'Journalisten dovunner? Feelt et einfach u genuch kompetente Leit am Staatsapparat? An hu mer aus der Vergaangenheet an dem Fall vum fréiere Minister Jeannot Krecké näischt geléiert? Apropos Minister: mir hunn eng nei gréng Ëmweltministesch. Wat bedeit de Schrëtt eng „Technokratin" als Ministesch anzesetze fir déi Gréng? Firwat gi vill Parteien ëmmer méi dacks op de Wee, fir eng Persoun vun ausserhalb dem Polit-Business ze huelen?

Wei laang kann de Spagat tëscht Kompetenz an demokratescher Legitimitéit nach gemaach ginn? Hunn d'Parteien einfach e Personalmangel oder ass Politik "onsexy" ginn. respektiv ass et déi al bekannte Politikverdrossenheet?

Dat sinn alles spannend Froen, déi mer elo e Joer virum Superwaljoer de Journaliste wollte stellen. Dobäi si mer dann och net derlaanscht komm, fir e Bléck op de Walkampf ze werfen, dee fir eng Rei Parteie schonn ugefaangen huet, op d'mannst, wann een d'Presenz op den Dëppefester an an de soziale Medien als Indicateuren dofir kann huelen.

Wou steiere mer hin an Zäite vun Ukrain-Krich an enger Pandemie, déi bei den aktueller Fréijoersgefiller am Summerschlof awer net ausgestanen ass? Dat hu mir eis Invitéë gefrot.

Den RTL-Presseclub vum 8. Mee 2022

Eis Invitéë waren

de Marc Schlammes vum Wort,
de Christoph Bumb vu Reporter
den David Marques vum Quotidien.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.