E Sonndeg am Presseclub invitéiert waren d'Melody Hansen vum Journal, de Marc Schlammes vum Wort an de Laurent Schmit vu reporter.lu.

Wat sinn d'Suerge vun de Leit a wat halen se vun de Politiker? An der Woch koum den neie Politmonitor eraus. Dëse Sonndeg kommentéiere mer d'Resultater mat de Journalistekolleegen.

Aner Themen am Presseclub waren d'Ried vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an der Lëtzebuerger Chamber sou wéi d'Affär Jeff Da Costa.

Eis Invitéë waren

Melody Hansen vum Journal

Marc Schlammes vum Wort

Laurent Schmit vu reporter.lu

RTL-Presseclub vum 5. Juni 2022

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.