International Sommeten, Impfflicht, Cannabis an héich Energiepräisser
E Sonndeg am Presseclub invitéiert waren den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt, de Marc Schlammes vum Wort an de Richard Graf aus der Woxx.
D'Sommete vun der NATO, der EU an de G7 hunn d'Aktualitéit dëser Deeg bestëmmt, mä hu se och Repercussiounen op de Verlaf vum Krich an der Ukrain oder d'Verhale vum russesche Pouvoir?
Wat ass vum Lëtzebuerger Militär-Effort bis 2028 ze halen?
Aktuell national Sujete sinn d'Recommandatioune vun Experte fir eng partiell Impfflicht, d'Legaliséiere vum rekreative Cannabis an d'héich Energiepräisser, déi en Ëmdenken an deem Domaine solle matsechbréngen.
Alles Themen, déi mer am RTL-Presseclub um Sonndeg diskutéieren.
Eis Invitéë waren
Den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt
De Marc Schlammes vum Wort
De Richard Graf aus der Woxx
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.