Tripartite, Zënshaussen, Energiespuermesuren an de Krich an der Ukrain
E Sonndeg am Presseclub waren de Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort, den David Marques vum Quotidien an de Christoph Bumb vum Reporter invitéiert.
D'Tripartite, déi e Sonndeg ugeet, war natierlech den Haaptsujet am Presseclub hei op RTL. Mir hunn d'Journalistekolleege gefrot, wéi si déi aktuell wirtschaftlech Lag aschätzen a wéi vill Handlungsspillraum d'Regierung huet, fir de Leit an de Betriber ënnert d'Äerm ze gräifen. Mat hinne hu mer och iwwert d'Zënshaussen, d'Energiespuermesuren an natierlech d'Entwécklungen am Krich an der Ukrain geschwat.
Eis Invitéë waren
de Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort
den David Marques vum Quotidien
de Christoph Bumb vum Reporter
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.