E Sonndeg am Presseclub invitéiert waren de Marc Schlammes (Lëtzebuerger Wort), Christophe Bumb (Reporter.lu) a Sidney Wiltgen (Tageblatt).

D'LSAP an d'Pirate ginn als kloer Gewënner aus der Sonndesfro ervir, dem Sondage, deen d'Ilres am Optrag vun RTL am dem Wort gemaach huet. D'CSV steiert op en Neits op en historesche Déifpunkt duer. Et ass nach ee Joer bis d'Chamberwalen an et brauch heiansdo net vill, fir d'Meenung vun de Wielerinnen a Wieler ze änneren. Ma d'Tendenze vun der Sonndesfro si kloer.

Do virdru si Gemengewalen. An do schéngt ee sech an der Stater DP net eens ze sinn: Lydie Polfer oder Corinne Cahen?

Eis Invitéë waren

De Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort

De Christophe Bumb vu Reporter.lu

De Sidney Wiltgen vum Tageblatt

De Presseclub vum 11. Dezember 2022

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.