E Sonndeg am Presseclub hu mer iwwer d'Steieren, de Logement an den traurege Joresdag vun en diskutéierengem Joer Krich an der Ukrain diskutéiert.

Muss d'Politik nach virun de Walen d'Mëttelschicht entlaaschten a wann jo, wéi? Wat hunn d'Logementsassisë bruecht? Firwat schalt d'Politik net an de Krisemodus wéinst der Wunnengskris? A wéi een Impakt hutt de Krich an der Ukrain op de Grand-Duché an op Europa?

Eis Invitéë waren

d'Annette Welsch vum Wort,
de Laurent Schmit vu Reporter
an de Richard Graf vun der Woxx

*Wéinst engem technesche Problem goufen déi éischt 20 Minutten net als Bildmaterial opgeholl, den Audio ass awer a voller Längt am Video.

Presseclub vum 26. Februar 2023

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.