E Sonndeg waren de Pol Reuter vu Reporter.lu, den Armand Back vum Tageblatt an d'Annette Welsch vum Lëtzebuerger Wort am Presseclub.

Beim Gemengesyndikat SIGI ginn, respektiv goufen, et Problemer tëscht Personal an Direktioun. Dat beleeën eng Rei Auditten, déi awer eréischt gemaach goufen, nodeems d'Online-Plattform Reporter am Juni zejoert Mëssstänn do opgedeckt hat. Wat sinn d'Hannergrënn vun der Recherche? A wéi kann et beim SIGI weidergoen?

Dat froe mir den Auteur vun der Recherche selwer am RTL-Presseclub. De Journalist Pol Reuter ass e Sonndeg dobäi, zesumme mat de Kolleegen Armand Back vum Tageblatt an Annette Welsch vum Lëtzebuerger Wort. Der Dageszeitung, déi dës Woch 175 Joer gefeiert huet. Eng gutt Geleeënheet fir generell iwwer d'Pressefräiheet ze schwätzen.

An da sinn de Weekend de Konvent vun der CSV an d'Kongresser vun déi Lénk an der ADR. Genuch Themen also fir en animéierte Presseclub.

Rendez-vous wéi gewinnt e Sonndeg tëscht 11 Auer a Mëtteg op RTL Radio an am Toun a Bild op RTL.lu.

Eis Invitéë waren

De Pol Reuter vu Reporter.lu
den Armand Back vum Tageblatt
an d'Annette Welsch vum Lëtzebuerger Wort

Presseclub vum 26. Mäerz 2023

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.