Wat erwaart eis a puncto Logement, Klima a Finanzen?
Et war d'Woch, wou d'Ministeren den Deputéierten hire Regierungsprogramm presentéiert hunn.
Déi politesch Oppositioun weist sech vun alarméiert, iwwer desillusionéiert bis hin zu enttäuscht, mä ass wierklech alles sou vague a schlecht, wéi et gezeechent gëtt?
Mir kucke mat de Journalistekolleegen, wat ee sech a puncto Logement, Klima a Finanzen z'erwaarden, huet a wat d'Regierung Frieden/Bettel muss ëmsetzen, fir credibel ze bleiwen.
Eis Invitéen am RTL-Presseclub
D'Ines Kurschat vum Wort
De Pit Scholtes vum Onlinemagasinn Reporter
Den Armand Back aus dem Tageblatt
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.