E Sonndeg waren d'Annette Welsch vum Wort, de Pol Reuter vun der Online-Plattform Reporter.lu. an de Sidney Wiltgen vum Tageblatt eis Invitéen.

Den RTL-Presseclub vum 14. Mee

Wéi sécher ass Lëtzebuerg? A wéi geet ee mat Jugendkriminalitéit ëm? E Problem mat ville Facetten an ouni einfach Léisungen. Dat sot op d'mannst d'Justizministesch Sam Tanson rezent hei op der Antenn. D'CSV bréngt d'Schafe vun enger kommunaler Police an d'Spill. Alles just e Walkampfthema mat polemeschen Aussoen?

Dat hu mir d'Kolleegen vun der Presse e Sonndeg de Moien tëscht 11 an 12 Auer gefrot.

Mir beliichten och nach eng Kéier d'1.-Mee-Evenementer vun de Gewerkschaften, wou d'Still gutt mat Politiker vun alle Faarwe besat waren. A mir woen e Bléck an d'Ukrain.

Eis Invitéë waren

D'Annette Welsch vum Lëtzebuerger Wort.
De Pol Reuter vun der Online-Plattform Reporter.lu.
An de Sidney Wiltgen vum Tageblatt.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.