Invitéiert e Sonndeg sinn d'Ines Kurschat aus dem Wort, de Christoph Bumb vu reporter.lu an den Armand Back vum Tageblatt.

D'Campagne fir d'Gemengewalen ass natierlech och den Haaptplat am RTL Presseclub dës Woch.

Mir analyséieren, wéi d'Parteien ëm d'Gonscht vun de Wieler konkurréieren a wéi eng Themen dominéiert hunn: Logement, Sécherheet, Mobilitéit a Gemengefusiounen: Gouf genuch an der Déift debattéiert oder laanscht d'Leit geschwat?

Mir froen an der Journalisteronn no, wou mer natierlech och op d'héich Fraise wärend offizielle Reese vum LSAP-Minister Franz Fayot aginn, just eng banal a klenglech Affär oder awer ethesch ze hannerfroen?

RTL-Presseclub vum 4. Juni

Eis Invitéë sinn

d'Ines Kurschat aus dem Wort

de Christoph Bumb vu reporter.lu

den Armand Back vum Tageblatt

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.