RTL-Presseclub vum 18. Juni
Gewënner, Verléierer, nei Konstellatiounen a politesch Streidereien
De Wieler huet geschwat. D'Gemengewale sinn erduerch. Op ville Plaze steet schonn de Schäfferot, anerwäerts gëtt nach diskutéiert.
Wat liese mer eng Woch no de Walen aus de Resultater? Wéi schloe sech an de Proporzgemengen d'Parteie mat Bléck op d'Nationalwalen? A wéi gesäit et mam Respekt vum Wielerwëllen aus?
Mir hunn dëse Sonndeg am Presseclub de Point gemaach.
RTL-Presseclub vum 18. Juni
Eis Invitéë waren
Marc Schlammes vum Wort
David Marques vum Quotidien
Luc Caregari vu reporter.lu
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.
Am meeschte gelies