Den Dag nom Walsonndeg - Eng Analys
Lëtzebuerg huet gewielt. D'Dräier-Regierung ass Geschicht. D‘CSV schéngt d'Rudder am Grapp ze hunn.
An engem RTL-Presseclub Spezial gouf e Méindeg de Mëtteg eng éischt Analys vun de Journaliste gemaach.
Invitéë beim Roy Grotz waren d'Ines Kurschat vum Wort, den Armand Back vum Tageblatt an de Christoph Bumb vu Reporter. Den Haapt-Constat war deen, datt Schwaarz-blo net vill am Wee dierft stoen.
Et misst vill geschéien, fir datt déi Schwaarz-out Optioun nach eng Kéier op den Dësch kéim. D'Schnëttstellen tëschent de Chrëschtsozialen an de Liberalen wieren do. Ideologesch a programmatesch passt et, mengt de Christoph Bumb: "Dat eenzegt wat där Koalitioun nach am Wee steet ass den Ego vum Xavier Bettel. Ech gesinn awer net, datt et sou wäit wäert kommen. En huet déi Positioun direkt ofgeraumt Gëschter an engem Interview."
Der Ines Kurschat no, hätt de Wieler e Sonndeg fir de Status Quo optéiert: "Froen ewéi de Klima. Do huet de klenge Lëtzebuerger gewielt fir säin Auto a fir säin Haus an net fir déi ganz grouss Perspektiv."
Datt Lëtzebuerg géint Mesurë géint de Klimawandel gestëmmt hätt, wëll de Christoph Bumb esou net soen. Déi grouss Verloschter fir déi Gréng wiere multifaktoriell an d'Analys wier komplizéiert. Mat der Stäerkung vun der ADR wier awer e Rietsruck ze constatéieren: "Wann een d'ADR-Zesummesetzung fir d'Chamber kuckt, dann huet ee ganz kloer rietsradikal Positiounen, déi do elo eriwwer ginn an dat ass näischt Klenges."
D'Aufgab vun der Press wier et, déi Evolutioun kritesch ze begleeden, sou Ines Kurschat a Christoph Bumb.
Bei de Posten schéngt e Premier mam Numm Luc Frieden kloer. Do driwwer eraus kéint ee just spekuléieren.
Den Armand Back kéint sech en Ausseminister Xavier Bettel virstellen, dem Ines Kurschat no kéint e Gérard Schockmel eng Roll spillen, de Christoph Bumb ass iwwerzeegt, datt d'CSV-Schwéiergewiichter aus de Bezierker sech manifestéieren, an datt och den EU-Kommissär Deel vun der Verhandlungsmass ass.
Bei der Personalfro kéint eng schwaarz-blo Regierung e Frae-Problem kréien, sou den Armand Back: "Et sinn alles Männer. Dat gëtt wierklech eng Erausfuerderung, fir déi Regierung e bësse paritéitesch opzestellen"
Fir bei der neier Regierung vun engem klore Réckschrëtt ze schwätzen, dat wollt an der Journaliste kee maachen, och wann et anescht wäert ginn.
Eis Invitéë waren
d'Ines Kurschaft vum Wort
de Christoph Bumb vu Reporter.lu
an den Armand Back aus dem Tageblatt.
Rendez-vous fir de Presseclub Spezial Wal-Analyse um Méindeg de Mëtteg no den Neiegkeeten vun 13 Auer - live um Radio an an Toun a Bild op der App an rtl.lu.