RTL-Presseclub vum 7. Januar
Déi nei Regierung am Fokus
Et war d'Woch, an där d'Ministeren den Deputéierten hire Regierungsprogramm presentéiert hunn.
D'CSV an DP hu bannent hiren éischte sechs Wochen an der neier Regierung schonn eenzel Mesuren decidéiert, mee déi richteg Aarbecht steet eréischt un.
Am Presseclub hu mir eis Journalistekolleegen gefrot, op wat ee sech déi nächst 12 Méint – ausser vill Aarbecht fir eis – muss astellen. Wat sinn d'Prioritéiten an a wéi engen Dossiere riskéiert et am meeschte Sträit ze ginn?
Presseclub vum 7. Januar 2024
Eis Invitéen am RTL-Presseclub
- D'Annette Welsch vum Lëtzebuerger Wort,
- de David Marques vum Quotidien
- an de Christoph Bumb vu reporter.lu
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.
Am meeschte gelies