Am Presseclub vun dëser Woch goung et ënner anerem ëm d'Baueremaniffen an hir Auswierkungen.

Presseclub vum 4. Februar 2024

Eng chargéiert Aktualitéit huet genuch Virlage fir de Presseclub dëse Sonndeg geliwwert. International war et den Deblockage vu weidere finanzielle Moyene vun der EU fir d’Ukrain am Krich géint Russland.

Donieft waren et d’Baueremaniffen uechter Europa. E Sujet, deen natierlech och Lëtzebuerg betrëfft, och wann hei am Land déi nei Mesurë fir de Bausecteur oder nach ëmmer den Heescheverbuet an der Stad, d’Aktualitéit dominéiert hunn.

Eis Invitéë waren

  • D'Annette Welsch vum Wort,
  • David Marques vum Quotidien,
  • an de Pit Scholtes vu Reporter.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.