No den iraneschen Attacken op Israel, stellt sech d'Fro, ob a wéi Israel a seng Alliéiert reagéieren.

Lëtzebuerg an och d'EU maachen den Appell fir e Waffestëllstand. Ma wat hir diplomatesch Efforten iwwerhaapt nach wäert? Wéi wichteg wäert d'Aussepolitik am Walkampf fir d'Europawale ginn? Rekord zu Lëtzebuerg: 13 Lëschte mat 78 Kandidatinnen a Kandidate stinn den 9. Juni um Walziedel. Wat seet dat iwwer déi grouss klassesch Parteien zu Lëtzebuerg aus?

Muss ee vun engem Rietsruck an Europa ausgoen?

Dat sinn Themen, déi am Presseclub dës Woch diskutéiert goufen.

Mat dobäi waren

  • d'Annette Welsch vum Lëtzebuerger Wort
  • den David Marques vum Quotidien,
  • an de Luc Caregari vu Reporter.lu

De Presseclub vum 14. Abrëll 2024

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.