RTL-Presseclub vum 23. November
Knapp dräi Joer virun de Walen: Regierung ënner Drock?!
Am Presseclub gëtt ënnert anerem iwwer d'Gesondheetspolitik, Regierungspolitik an de Bommeleeër-bis Prozess diskutéiert.
Echec oder Succès?! Dat ass sech dëser Deeg bei méi Dossieren a Sujeten ze froen, déi an der Aktualitéit sinn:
- Gesondheetspolitik an d'Keese vun der CNS
- De Bommeleeër-bis Prozess
- D'COP30, d'Klimakonferenz a Brasilien
- Oder och d'Regierungspolitik knapp dräi Joer virun de Walen
Mir kommen am RTL Presseclub drop ze schwätzen, ob Succès oder en Echec méi probabel sinn.
Eis Invitéë sinn
D'Ines Kurschat aus dem Wort
De Christoph Bumb vu Reporter
An de Sidney Wiltgen aus dem Tageblatt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.
Am meeschte gelies