Sponsored Content26 64 05 55 – Elterentelefon

RTL Lëtzebuerg
Eltere wëllen dat Bescht fir hiert Kand. Mee nach ni war d’Veronsécherung bei den Elteren bei Erzéiungsfroen sou grouss wéi haut.

An na ni stoungen d’Elteren esou an der Kritik: Vun Tyrannekanner, Tiger-Mammen an Helikopter-Eltere gëtt geschwat. Di meescht Kanner bewäerte par konter d’Erzéiung vun hire Kanner als positiv. Wat ass eng gutt Erzéiung haut? A wourop kennt et wierklech un?

Eng gutt Mamm oder e gudde Papp sinn: Wéi geet dat?

Wéi Kannererzéiung geet gëtt oft hefteg diskutéiert an et gëtt e breet Spektrum vu Meenungen a Standpunkten. All Eltere wëlle fir hier Kanner eng glécklech Kandheet a Jugend! Wat ass wichteg, wa mir eis Kanner grousszéien?

Et ass wichteg dat e Kand sengen Elteren d’ganz Panoplie vu senge Gefiller (Ierger, Roserei, Trauer, Angscht, Freed…) zoumudde kann. Dat ass munchmol ustrengend fir d’Elteren, wéisst awer och, dat e Kand sech gebuergen a verstane fillt. Munch Elteren erschéngen hire Kanner esou sensibel, datt si hier Elteren net mat hirem Gefillsliewe belaaschte wëllen. Och ass et fir Kanner wichteg ze erfueren, datt hier Elteren di éischt Ulafstell si wann si Problemer hunn. Dat bedeit datt et en zolidd Sécherheetsnetz gëtt, wou d’Kand ëmmer erëm zeréckkomme ka wann et Hëllef brauch. Kanner brauche Feedback vun hiren Elteren, dee weder ze kritesch, nach ofwäertend Jugementer wéi „béis“ oder „faul“ enthalen. D’Kritik soll sech ëmmer op säi Verhale bezéien an net de jonke Mënsch u sech a Fro stellen. Eng weider wichteg Erfarung ass et fir e Kand eppes selwer an aus eegener Kraaft gepackt ze hunn. Et geet em Selbstwierksamkeet. Eltere kenne Kanner hëllefen un eppes drun ze bleiwen, och andeems se d’Kand ënnerstëtzen Hobbyen an Interessen ze entdecken. Wichteg ass et och an der Erzéiung Grenzen ze setzen. Kanner fillen sech ouni Grenzen oft verluer. Grenzen a Reegelen hëllefe Kanner sech geschätzt ze fillen an ze spieren datt een si gär huet – och wann si heiansdo géint d’Beschränkunge rebelléieren. Och di bescht Eltere maache Feeler, andeems si z.b. iwwerreagéieren. Dat Entscheedend ass, datt Eltere fir hier Feeler astinn. Dat bedeit, och Eltere mussen sech fir di eege Feeler beim Kand entschëllegen. Et kann ee Kanner erklären, firwat et zu dësem Feelverhale koum a wéi di eege Gefiller an dësem Moment ausgesinn hunn. Kanner hunn hier Eltere bedéngungslos gär, sou wéi se sinn. Dëst ass e grousst Gléck, awer och eng Verantwortung: nämlech déi, des Léift net ze enttäuschen. Wie Kanner grousszitt, dee kann sech denken: Eltere si bedeit net nëmme Schockelaskichelcher mat Smarties-Dekoratioun fir d’Gebuertsdagsparty ze baken oder néngjäreger zur Zäit op de Fussballtraining oder an de Fluttecours ze kutschéieren, obwuel des praktesch Saachen natierlech och wichteg sinn. Eltere si bedeit virun allen, de Kanner zougewandt ze sinn, sech an d’Séil vum Kand anzefillen, d’Kand ze beschütze – an am richtege Moment sech nees kennen ze léisen an d’Kand och eege Weeër goe loossen ze kennen. Dobäi ass een ëmmer och e prägend Virbild.

Glaichwuel sinn des Erausfuerderunge fir Eltere grouss: D’Resultater vun enger Studie zum Wuelbefanne vu Kanner a Jugendlecher zu Lëtzebuerg (HBSC-2014) wéisst, wéi usprochsvoll d’Eltereschaft si kann. De Kanner a Jugendleche begéinen nämlech am Alldag Situatiounen, déi sech op direktem oder indirektem Wee op d’Zesummeliewen an der Famill auswierken. Et si Situatiounen an deene Kanner sech eleng oder verletzt spieren.

Iwwer 25% vun de befrote Schüler hunn uginn a de leschte Méint gemobbt ginn ze sinn. Mobbing ass e Risikofaktor fir schlecht Schoulleeschtungen, laangfristeg awer och fir Angschtstéierungen am Erwuessenenalter.

Ronn 17% vun de befrote Schüler bewäerten d’Qualitéit vun der Familljekommunikatioun vu niddreg bis mëttelméisseg, woubäi eeler Schüler d’Familljekommunikatioun méi schlecht bewäerte wéi di mi jonk.

Schoul a Stress – D’Schoul hëlt e groussen Deel vun der Zäit vu Kanner a Jugendlechen an Usproch. Hei kann hir sozial a gesondheetlech Entwécklung gefërdert ginn. Negativ Erfarungen an der Schoul kennen des Entwécklung beanträchtegen. D’Schüler aus dem Fondamental hunn hir Schoul léiwer wéi d’Schüler am Lycée: Wat d’Schüler mi al sinn, wat se mi heefeg uginn, ënner Schoulstress ze leiden. Grënn heifir kenne Stress duerch Schoulaarbecht oder d’Vermuddung, dass en Enseignant en Schüler fir leeschtungsschwaach hält, sinn. Wat d’Schüler hir Schoul manner gär hunn, wat se méi iwwert hir Gesondheet kloen.

Gesondheetlech Problemer -  Laut der HBSC-2014 Etüd ginn 41% vun de Befroten un, heefeg ënnert Gesondheetleche Problemer ze leiden, d.h. si si vu mindestens 2 vun den 8 opgelëschte Beschwerden (Kapp-, Bauch- a Réckwéi, Trauregkeet, Gereiztheet, Nervositéit, Problemer beim Aschlofen a Schwindel) e puermol an der Woch oder souguer all Dag betraff.

Dëst a vill aner Themen maachen den Eltere Suergen; si fillen sech gefuerdert, an och mol iwwerfuerdert. Et wënscht een sech Hëllef an Ënnerstëtzung – an dat ass och an der Rei!

Den Elterentelefon 26 64 05 55 bitt Berodung, Informatioun an Orientéierung. Des Offer ass anonym a vertraulech.

Sou ginn Elteren, Grousselteren, Professioneller, di mat Kanner a Jugendleche schaffen, an aner Interesséierter bei den heiansdo komplexe Froe vun der Erzéiung oder bei hire Suergen direkt, ouni Waardezäit, kompetent ënnerstëtzt. Am Berodungsgespréich stinn d’Uleies an d’Froe vun de Mamen a Pappen am Virdergrond. Dobäi verstinn d’Beroder-innen sech als Klärungshëllef, déi sech gemeinsam mam Uruffer op de Wee mécht fir di jeeweileg Situatioun oder de Problem ze verstoen an individuell Handlungsoptiounen ze entdecken. Oft dréit en Gespréich dozou bäi, eng verschwomme Situatioun erëm mi kloer ze gesinn. De verengte Bléck erweidert sech. Dat erméiglecht et den Elteren, d’Ressourcë vum Kand an net nëmmen seng Defiziter am Bléck ze hunn. Och di eege Ressourcë ginn aktivéiert, sou dass d’Ohnmacht an d’Hëlleflosegkeet d’Situatioun net dominéieren. Dem Beroder kennt dobäi eng gutt Kenntnis vum soziale Reseau zegutt.

D’Beroder-innen um Elterentelefon si gutt ausgebilten haaptamtlech a fräiwëlleg Mataarbechter. Si kréien, begleedend zu hirer Tätegkeet um Elterentelefon, reegelméisseg Supervisioun a Fortbildungen, fir d’Qualitéit vun de Gespréicher se sécheren.

2018 hunn eis iwwer 220 Elteren an Erwuessener mat Verantwortung fir e Kand oder en Jugendleche kontaktéiert. Si hunn dësen direkte Wee vu Berodung genotzt, sou onnéideg Waardezäit evitéiert an eng éischt Orientéierung an Ënnerstëtzung kritt. D’Gespréichszäite leien an der Moyenne tëscht 20 a 60 Minutten. D’Gestaltung vu familiäre Bezéiungen, Konflikter mat den Duechteren oder Bouwen waren zentral Themen um Elterentelefon, direkt hannendrun d’Kategorie „Psychosozial a psychesch Gesondheet“. No fir gerutscht ass d’Thema Schoul. D’Froe vun den Elteren am Beräich Schoul sinn am Verglach zum Joer virdrun em dat fënneffacht geklommen. Vill veronséchert Eltere sichen am Kontext vun Trennung a Scheedung Rot. Och Gewaltsituatiounen an der Famill oder an der Schoul spillen ëmmer erëm eng Roll an der Berodung. Munch Elteren haten Angscht em hir Kanner, di suizidal Gedanke geäussert hunn.

Dir kennt einfach uruffen, wann…

• Dir Iech Suergen em d’Entwécklung vun Ärem Kand maacht

• et Problemer an der Crèche, der Maison Relais oder an der Schoul ginn

• et Sträit an der Famill gëtt

• Dir a Rou mat engem schwätzen wëllt

• Dir Froen zur „richteger“ Erzéiung hutt

• Dir konkret Informatiounen braucht

• Dir net wësst, wien den richtegen Uspriechpartner ass

• Dir d’Gespréich mat Ärem Kand sichen wëllt, awer net genau wësst, wéi

• …

Mir si fir Iech do, rufft eis un.

Elterentelefon 26 64 05 55


Quell:

http://www.men.public.lu/fr/actualites/publications/themes-pedagogiques/promotion-sante-bien-etre/wohlbefinden-jugendlichen/index.html

Back to Top
CIM LOGO