Sponsored ContentBäihëllefen, fir Iech weiderzebilden

RTL Lëtzebuerg
© DMP

An enger Welt, déi sech permanent verännert, ass d'liewenslaangt Léiere fir deen Eenzelen eng reell Chance, sech un déi technologesch Entwécklungen unzepassen, sech neien Erausfuerderungen ze stellen, nei berufflech Weeër anzeschloen a seng Karriär ze boosten.

Wann een a seng berufflech Weiderentwécklung investéiert, kann een net nëmme seng Kompetenzen ausbauen, mee doduerch och seng Employabilitéit verbesseren a sech effikass un d'Evolutioun vum Aarbechtsmarché upassen.

Fir Formatiounen a sengem Domaine d'expertise matzemaachen oder awer sech Kompetenzen unzëeegnen, déi wéinst de wirtschaftlechen, technologeschen a soziale Verännerunge vun den Employeure gefrot ginn, kënne Privatpersoune bei der Gestaltung vun hirem beruffleche Parcours Bäihëllefen am Formatiounsberäich an Usproch huelen.

D'Hëllefsmoossnamen, déi u gewësse Konditioune gebonne sinn, ginn a verschiddene Formen ugebueden, zum Beispill bezuelte Spezialcongé, Flexibilitéit bei der Organisatioun vun der Aarbechtszäit oder spezifesch Subsiden.

Spezialcongé: eng Geleeënheet, fir sech weiderzebilden

Fir sech beim Ausbau vun hire Kompetenzen ënnerstëtzen ze loossen, kënne Privatpersounen, jee no Situatioun an Zil, verschidden Zorte vu Spezialcongé, fir sech weiderzebilden, ufroen, bei deenen och hir Remuneratioun iwwerholl gëtt.

Mam individuelle Formatiounscongé verfüügt een iwwer méi fräi Zäit fir op eegen Initiativ u Formatiounen deelzehuelen. Am Laf vun engem Beruffsliewe kënne bis zu 80 Deeg vun dësem bezuelte Spezialcongé oder Formatiounscongé an Usproch geholl ginn. D'Formatioune kënnen an direkter Verbindung mat der ausgeüübter Aarbecht stoen oder net.

De Sproochecongé ass eng aner Zort vu Spezialcongé, fir Lëtzebuergesch ze léieren oder seng Lëtzebuergeschkenntnesser ze verbesseren an esou d'Integratioun an d'Gesellschaft ze erliichteren. Am Laf vun engem Beruffsliewe kënne bis zu 200 Stonne Sproochecongé an Usproch geholl ginn.

Organisatioun vun der Aarbechtszäit, fir sech weiderzebilden

Et ginn zwee Dispositiffen ugebueden, déi et Privatpersounen erméiglechen, hir Aarbechts- an hir Formatiounszäit a Funktioun vun hiren Ziler fir d'Entwécklung vun den eegene Kompetenzen a vun hiren Disponibilitéiten anzedeelen.

De perséinlechen Amenagement vun der Aarbechtszäit mécht et dem Salarié méi einfach, u Formatiounen deelzehuelen, well e vun enger méi flexibeler Gestioun vun der Aarbechtszäit profitéiere kann. D'Entreprise muss dofir awer en Horaire mobile ubidden.

Den onbezuelte Formatiounscongé mécht et méiglech, seng berufflech Engagementer zäitweileg ze ënnerbriechen, fir sech weiderzebilden. D'Maximaldauer vun engem onbezuelte Congé läit bei 6 Méint ouni Ënnerbriechung.

Spezifesch finanziell Ënnerstëtzung

Zu Lëtzebuerg gi spezifesch Finanzéierungsquelle jee no Formatioun oder Beneficiaire ugebueden.

Mat der steierlecher Ofsetzbarkeet kann een zum Beispill a senger Steiererklärung d'Käschte fir seng berufflech Weiderentwécklung vum steierflichtegen Akommes ofsetzen.

D'Käschte fir d'berufflech Weiderentwécklung mussen an engem direkten Zesummenhang mat der berufflecher Aktivitéit stoen a musse vum Salarié gedroe ginn.

All Persoun, déi an engem Héichschoulstudiegang ageschriwwen ass, kann d'staatlech Bäihëllef fir Héichschoulstudien, eng aner Zort vu finanzieller Ënnerstëtzung, ufroen, fir ënner bestëmmte Konditioune vun enger Bourse oder engem Prêt ze profitéieren.

Wou kann ee méi iwwer d'Bäihëllefe fir d'Formatioun gewuer ginn?

An Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a mat de Beruffschamberen organiséiert den INFPC zwou Informatiounsveranstaltungen iwwer d'Bäihëllefen am Formatiounsberäich fir Privatpersounen.

D'Informatiounsveranstaltunge fanne statt:

  • Méindes, de 6. Mee 2024 op Franséisch (18:00-19:30 Auer)
  • Méindes, den 13. Mee 2024 op Lëtzebuergesch (18:00-19:30 Auer)

an der Chambre des salariés 2 - 4 rue Pierre Hentges, L-1726 Lëtzebuerg.

Si ginn als Presentiel-Veranstaltungen organiséiert an am Livestream iwwerdroen. D'Participatioun ass gratis, mat obligatorescher Umeldung op www.infpc.lu/inscription-aides.

Méi Informatiounen op: www.lifelong-learning.lu/aides

Back to Top
CIM LOGO