Sponsored ContentBaloise, fest verankert an der Welt vu Muer

RTL Lëtzebuerg

Verstëbst, ze komplex, onverständlech: Wierder, déi oft benotzt gi fir d’Welt vun den Assurancen ze beschreiwen. Mee d’Baloise, déi säit méi wéi 130 Joer um Lëtzebuerger Marché vertrueden ass an domat mat am längsten hei ass, beweist de Géigendeel a weist, datt och den Assurancësecteur dynamesch, modern, mënschlech an accessibel ka sinn.

E frësche Wand an der Assurancëwelt

Andeems d’Innovatioun an de Mëttelpunkt gestallt gëtt, probéiert d’Baloise méi wäit ze goen, d’Besoine vun hire Clienten am Viraus ze erkennen an sou zu méi wéi just enger Assurance, nämlech zu engem richtege Partner am Alldag ze ginn. Wéi genau? Andeems si hir Servicer nei erfënnt, Partnerschafte mat Experten aus anere Gebitter ageet a sou Produiten op de Maart bréngt, déi der neier Realitéit vun hire Clienten entspriechen.

Sou huet Baloise 2017 GoodStart entwéckelt - déi éischt online Assurance fir Appartementer, mat der een a nëmmen e puer Klicken en Appartement ka versécheren -, oder och nach Drive Electric am Joer 2021, déi éischt Assurance fir hybrid an elektresch Autoen. Dank hirem eegenen Innovation Lab ass Innovatioun also net nëmmen e Moudewuert bei der Baloise, mee leet effektiv hir Prozesser an Entwécklungen. Eng aner Visioun vun der Assurance also: méi einfach, méi zougänglech a méi flexibel.

Eng Evolutioun vun der Mark, mat staarke Valeuren

Muer ass net eppes wat einfach geschitt, mee eppes dat mir zesumme kreéieren.”

An enger Welt, déi sech konstant verännert, evoluéieren och d’Besoinen an d’Wënsch vun de Clienten. Andeems si sech ëmmer rëm un dës Changementer ugepasst huet, ass d’Baloise zur Baloise vun Haut ginn; eng mënschlech, responsabel an inspiréierend Compagnie.

An dësem Kader huet d‘Baloise decidéiert, e „Rebranding-Projet” ze lancéieren, an dëst an alle Länner, an deenen den internationale Grupp present ass (nieft Lëtzebuerg och an der Schwäiz, Däitschland, Belsch an a Liechtenstein). E neie Look fir d’Baloise, mat enger neier Markenidentitéit, déi och den optimisteschen a positive Valeuren, souwéi dem responsabelen Engagement entsprécht, déi si géigeniwwer hire Clienten, Partenairen a Mataarbechter vertrëtt. Eng nei grafesch Identitéit, mat liewege Faarwen an engem vereinfachte Logo, déi d’Ambitioune vun der Baloise zréckspigelt: e Partner ze sinn, deen d’Liewe vun de Clientë vereinfacht.

Manner Fachjargon a méi lieserlech Dokumenter

E Sujet, deen de Versécherten dacks Kappzerbrieches mécht, ass d'Komplexitéit vun de benotzte Wierder. De „Versécherungsjargon” ass dacks schwéier ze verstoen an oft komplizéiert. Am Aklang mat hirer Strategie „Simply Safe", wäert d’Baloise versichen, eng méi vereinfacht Sprooch ze benotzen, méi kloer a méi lieserlech Dokumenter, déi sou wäerten hëllefen, e positiivt Gefill ze vermëttelen a Vertrauen opzebauen. „Verstinn eis Clientë wat mir wëlle soen? Drécke mir eis kloer aus, ouni zweedeiteg ze sinn? Kommunizéiere mir richteg? Falen eise Clienten eis Valeuren och op? Dëst si Froen, déi mir eis wärend dem Projet Rebranding gestallt hunn, fir datt mir hinnen net nëmmen e bessert Bild a méi originell Reklamme vun eis kenne bidden, mee och eng méi verständlech Sprooch”, erkläert de Romain Braas, CEO vun der Baloise zu Lëtzebuerg. De Rebranding kann een als Wendepunkt gesi vun der globaler Transformatioun, déi d’Baloise scho virun e puer Joer ugestouss huet. „Eist alt Bild huet einfach net méi zu dem gepasst, wat mir am Laf vun de Jore gi sinn”, präziséiert de Romain Braas. „Eis Clienten ze begleede war nach ëmmer en Deel vun eiser DNA. Dat maache mir och haut nach, mee mat enger neier Dimensioun: mir wëssewéi wichteg Vertrauen a Responsabilitéit sinn a mir wëllen e positiven Impakt op d’Géigewaart an d'Zukunft vun eise Clienten hunn.

Eng realistesch Visioun vun den Erausfuerderunge vu muer

D’Baloise ass sech de gesellschaftlechen a klimateschen Erausfuerderungen natierlech och bewosst, an engagéiert sech dofir scho laang an dëse Beräicher, virun allem do, wou si eppes bewierke kann, wéi zum Beispill Bien-être, Formatioun, Innovatioun…

A punkto Innovatioun huet d’Baloise ausserdeem also schonn eng Rei „nohalteg Versécherunge lancéiert, wéi zum Beispill Drive Electric (d’Assurance fir hybrid an elektresch Gefierer), InsureMyBike (Velosversécherung fir déi douce Mobilitéit ze encouragéieren) a SwitchPlan (déi éischt 100% nohalteg Liewensversécherung). D’Versécherung probéiert och hiren CO2-Foussofdrock a Pabeierverbrauch drastesch ze reduzéieren, zum Beispill duerch d’Dematerialiséierung an och d’Digitaliséierung iwwer de MyBaloise Clientsportail. De Marc Folmer, Direkter vun der Corporate Governance a Generalsekretär erkläert datt, nieft der primärer Missioun vun enger Assurance, fir Mënschen a Besëtz ze schützen, der Baloise hir Ambitioun ass, Valeur an all hiren Interaktiounen ze kreéieren, souwuel mat de Clienten, de Mataarbechter, der Gesellschaft, der Ëmwelt, de Partner an den Investisseuren.

Muer, dat heescht och Plënneren an e neit Gebai

Tatsächlech gëtt et, quasi zäitgläich mat der neier Markenidentitéit, och e neie Siège fir de Lëtzebuerger Versécherer. Ab Januar empfänkt d’Baloise hir Clienten a ronn 450 Mataarbechter an de neie Raimlechkeeten zu Leideleng.

Wooden ass dat éischt hëlzent Bürosgebai vun dëser Gréisst zu Lëtzebuerg, mat Holz aus nohaltege Bëscher an der Groussregioun. An dëse PEFC-zertifiéierte Bëscher gëtt, wann ee Bam geschnidde gëtt, een oder zwee Beem nei geplanzt. Sou wäert de Bësch iwwer d'Liewensdauer vum Gebai dat recuperéieren, wat ewechgeholl gouf.

Exemplaresch a punkto nohalteg Entwécklung a Wuelbefanne gëtt d’Gebai Wooden „WELL” zertifiéiert, sou datt effektiv d'Wuelbefanne vun de Mataarbechter a Visiteuren am Mëttelpunkt steet. E sougenannt „Smart Building”, mat aktiven a passiven Energieléisungen, fir de Verbrauch ze optimiséieren an de Komfort an d’Sécherheet vun de Mataarbechter ze fërderen.

Ofschléissend kann ee soen, datt d'Gebai vun am Ganzen 9.600 m2 net nëmmen e bessert Aarbechtsëmfeld fir d’Mataarbechter, mee och méi en einfachen Zougang a méi flotte Kader fir Clienten a Partner bitt.

Méi Informatiounen op www.baloise.lu

Back to Top
CIM LOGO