
Vandalismus a geféierlech Situatiounen op de Stroossen: dat weist sech an der Gemeng Esch-Sauer de Weekend, well ze vill Leit op de Stauséi fueren.
Well d'Romm-Wiss an der Bauschelter Gemeng zougemaach gouf, wieren nämlech nach méi Leit op déi véier Plagen vun der Gemeng Esch-Sauer ënnerwee, esou d'Buergermeeschtesch. Si kéint déi Plagen net zoumaachen, esou d'Mireille Welter iwwer Telefon, well se esou leien, dass d'Awunner soss och net méi an hir Dierfer kommen.
D'Buergermeeschtesch seet, si wier awer immens besuergt. Den Undrang u Leit hätt och schonn zu geféierleche Situatioune gefouert, wéi dass Autoen mat 120 Stonnekilometer zum Deel laanscht Haiser fueren, wou am Fong just 70 erlaabt ass.
E Samschdeg den Owend ass och d'Barrière vun engem Parking beschiedegt ginn, esou d'Buergermeeschtesch. Dat hätt zwar antëscht kënne gefléckt ginn, mee allgemeng géinge vill Leit ganz récksiichtslos parken, zum Beispill virun Afaarten oder Garagen. Wéinst den héijen Temperaturen waren an der Woch schonn immens vill Leit um Stauséi, eng Situatioun déi sech besonnesch elo um Weekend verschlëmmert huet.
Op Nofro hin huet de Gemengepapp Jeff Gangler an der Mëttesstonn confirméiert, datt op der Romm-Wiss nach Capacitéite wieren. Et géif awer ëm d'Gestioun vun de Visiteure goen. Deemno kéint d'Situatioun changéieren. De Jeff Gangler erënnert drun, ëmmer d'Rettungsweeër fräizeloossen a responsabel a respektvoll mateneen ëmzegoen.
Déi Responsabel vun de Baggerweieren hunn nach net matgedeelt, dass näischt méi geet, ewéi e Samschdeg am Nomëtteg. Alternative sinn de Séi zu Iechternach an de Wemper Séi.