
De Laurent Pfister ass Fuerscher beim LIST. Seng Begeeschterung fir d'Hydrologie geet op d'grouss Iwwerschwemmungen an de Joren 1993 an 1995 zeréck. Haut, iwwer 30 Joer méi spéit, analyséiert hien nach ëmmer all Dag dat Element, dat ëmmer méi wäertvoll gëtt: d'Waasser.
De richtegen Impakt vun der Canicule op d'Gewässer géif een eréischt an den nächste Woche gesinn, esou de Wëssenschaftler vum Luxembourg Insitute of Science and Technology. Iwwer eng Woch laang goufen am Grand-Duché iwwer 30 Grad Celsius gemooss. Mat e Freideg a Samschdeg esouguer ëm 40 Grad Celsius. Op den éischte Bléck schéngen eis Flëss a Baachen dat nach gutt ewechzestiechen. De Laurent Pfister relativéiert dat awer.
D'Peegele vun de Baachen a Flëss reagéieren net direkt op eng Hëtztwell. Et brauch Zäit, bis d'Auswierkungen sech weisen. Dat, wat de Lëtzebuerger Fuerschungsinstitut elo awer schonn a Miessunge feststellt, ass eng däitlech Erhéijung vun de Waassertemperaturen, wouduerch gläichzäiteg de Sauerstoffgehalt am Waasser ofhëlt.“De richtegen Effet vun där Hëtztwell wäerte mer eréischt an dräi bis fënnef Woche gesinn.“

“Dat féiert dozou, datt Insekten, Fësch an all déi aner Liewewiesen am Waasser schonn elo staark ënner Stress stinn.“
De Laurent Pfister beschäftegt sech zënter iwwer dräi Joerzéngte mat Waasser. Besonnesch eng Saach mécht hien haut nodenklech.
“Mir hu scho viru 25 Joer déi éischt Zenarie fir Lëtzebuerg berechent. Do huet ee scho gesinn, datt mer lues a lues an eng Aart mediterraant Klima géife rutschen.“
Dat wier genee dat, wat mer elo erliewen. Zumools d’Extremer kréien e mediterrane Charakter, mir géifen awer och an Zukunft nach ëmmer deelweis déi vir eis typesch Charakterzich vun engem ozeanesche Klima behalen.
Mëttlerweil wier vill Zäit vergaangen, an där een déi eng oder aner Mesure schonn hätt kënnen ëmsetzen, esou de Laurent Pfister.
De Wëssenschaftler bestätegt, dass een och ëmmer méi extrem Evenementer zu Lëtzebuerg hätt: Hëtzt, Staarkreen, Iwwerschwemmungen. Phänomeener, déi mat Date vun de Miessstatioune vum LIST hannerluecht kënne ginn.

Och wann elo an den nächsten Deeg lokal staark Reeschauere méiglech sinn, géif dat de Problem net léisen. Reen hätt beispillsweis elo keen Impakt op de Stand vum Grondwaasser. Dat géif sech virun allem am Wanter nees opfëllen. Wa no laanger Dréchent staarke Reen op e verkruste Buedem fält, kéint et lokal zu Iwwerschwemmunge kommen an och zu Erosioun féieren, esou de Fuerscher.
De Grand-Duché hätt ee grousse Virdeel: de ville Sandsteen ënnert dem Buedem. Do géifen am Wanter grouss Quantitéite Waasser gespäichert ginn, déi am Summer nees lues a lues an d'Flëss kënnen ofgi ginn. De Sandsteen hätt also net nëmmen eng Filterfunktioun, mee wier och e gudde Späicher.
Zu Lëtzebuerg dierft een awer net vergiessen, dass d'Bevëlkerung wiisst an eleng dowéinst méi Waasser gebraucht gëtt. Et misst ee sech scho Gedanke maachen, wéi ee mat der Ressource "Waasser" ëmgeet.
Kuerzfristeg kéint een net vill géint esou Hëtztwelle maachen. Laangfristeg wier d'Léisung awer kloer: Flëss renaturéieren an esou d'Waasser méi laang an der Landschaft halen. Wichteg wier et och, d'Versigelung vum Buedem ze limitéieren.
“Mir kënnen als klengt Land de Klimawandel net stoppen. Mä mir kënnen dozou bäidroen, datt seng Auswierkungen op Lëtzebuerg méi kleng ginn.“