
Vill Detailer sinn nach net bekannt, ma et schéngt en héijen Explosiounsrisk ze ginn. De Fliger wier franséische Medien no mat enger Grupp vu Leit ënnerwee gewiescht, fir Fallschierm ze sprangen. De Pilot an 10 Passagéier wieren ëm d'Liewe komm. Dës Informatioun huet de Préfet vu Meurthe-et-Moselle confirméiert.
11 Mënschen sinn deemno am Fligerongléck ëm d'Liewe komm. De franséischen Innenminister Laurent Nuñez huet annoncéiert, op d'Plaz vum Ongléck reesen ze wëllen.
Déi lokal Police huet op der Plattform X en Opruff gemaach, verschidde Stroossen an der betraffener Banlieue vun Nanzeg z'evitéieren, fir d'Rettungsekippe laanscht ze loossen. Et gëtt mat méi Doudesaffer gerechent.