Cellule d’évaluation des risques intempéries et inondationsRisiko vun Dimmere klëmmt, lokal kéint et ongemittlech ginn

RTL Lëtzebuerg
D'CERI rifft d'Populatioun op, déi nächste Stonne besonnesch opzepassen a virsiichteg ze sinn.
© RTL

No respektiv mat der Hëtzt klëmmt de Risiko vun Dimmeren an doduerch kéint et an den nächste Stonne lokal ongemittlech ginn. D'Cellule d’évaluation des risques intempéries et inondations - an där den Haut Commissariat a la Protection Nationale, Meteolux, d'Santé, de CGDIS a vill anerer vertruede sinn - mécht den Appell u jiddereen, fir e Sonndeg den Owend an an der Nuecht op e Méindeg opzepassen.

© Screenshot Meteolux

Well bis e Méindeg ass mat zolitte Wiederen ze rechnen, och Wandstéiss, vill Reen a Blëtz. D'CERI réit de Leit, präventiv Mesuren z'ergräifen:

  • Prabbelien an aner Gaardemiwwelen eranhuelen,
  • versécheren, dass d'Offlëss fräi sinn,
  • sech net onnéideg deplacéiert wärend engem Wieder,
  • sech net ënnert isoléiert Beem stellen an iwwerhaapt net a Bëscher goen.

Et gëllt virsiichteg ze sinn.

D'Schreiwes vun der Cellule d’évaluation des risques intempéries et inondations (CERI)

Back to Top
CIM LOGO