Mamm war alkoholiséiertZwee Kanner am Auto agespaart - Police intervenéiert op Tankstell zu Rëmerschen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg gouf d'Police géint 17 Auer op eng Tankstell zu Rëmersche geruff, nodeems si iwwer Kanner informéiert gi sinn, déi an engem Auto agespaart waren.
© Maxime Gonzales/ RTL Archiv

Op der Plaz hunn d'Beamten déi zwee Mineuren am Auto fonnt, an och d'Mamm vun de Kanner konnt séier lokaliséiert ginn. Ma amplaz ze hëllefen, huet si probéiert, d'Beamten dorunner ze hënneren, d'Kanner aus dem Auto ze huelen. Een Alkoholtest huet gewisen, datt d'Mamm staark alkoholiséiert war,

D'Kanner hunn de Beamte géigeniwwer erkläert, si hätte sech trotz de gliddegen Temperature fräiwëlleg am Auto agespaart, well si wéinst der geféierlecher Fuerweis Angscht haten, mat hirer Mamm matzefueren. Si hätten d'Zäit genotzt, an där hir Mamm kuerz an der Tankstell war, fir hire Papp ze ruffen, heescht et am Policebulletin. De Papp wier dann och kuerz Zäit drop op der Plaz gewiescht.

De Papp huet d'Kanner matgeholl an d'Mamm gouf mat op de Policebüro geholl. Si huet hire Fürerschäi fir d'éischt emol missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO