Sponsored ContentBanking - tëscht Personaliséierung an Digitaliséierung

RTL Lëtzebuerg

En Interview mam Claude Hirtzig, Head of Retail Banking bei der Spuerkeess

Wat sinn d'Erwaardunge vun de Banke Clienten haut a wéi evoluéieren se?

Haut sinn d'Bedierfnesser vun de Banke Clienten net fundamental anescht wéi fréier. Si wëllen eng stabil a gesond finanziell Situatioun hunn, en einfachen a flexibelen Zougang zu hire finanzielle Mëttelen sou wéi déi néideg Ënnerstëtzung fir hir kuerzfristeg a laangfristeg finanziell Ziler ze realiséieren.

Wat awer vill evoluéiert huet, ass d'Aart a Weis wéi d'Cliente wëllen datt eng Bank dës Bedierfnesser erfëllt. Eis Clienten erwaarden sech Confort, eng effektiv Problemléisung an eng personaliséiert Erfarung, egal ob online oder offline.

Wat sinn e puer Virdeeler vun der perséinlecher Clientserfarung am Verglach zu der digitaler Erfarung?

An enger Agence huet de Client de perséinlechen Touch. Dat erlaabt engem Client fir mat engem Beroder iwwert déi individuell Besoinen ze diskutéieren. Zousätzlech baut eng Interaktioun sur place Vertrauen op. Et stäerkt d'Client-Bank Relatioun a gëtt dem Client d'Gefill vun Zouverlässegkeet. Dat ass am digitale Beräich méi schwéier ze maachen.

Op der anerer Säit gesi mir awer ëmmer méi Clienten op den online Banking ëmsuedelen. Wat ass et un der digitaler Expérience Client, wat dëse Clienten esou gefält?

Digitale Banking huet d'Aart a Weis wéi eis Cliente mat hire Finanzen ëmginn, fundamental transforméiert. Digital Léisunge bidden nämlech Confort an Zougang zu Konten à distance. Duerch dat Digitaalt kënne eis Clienten Transaktiounen ausféieren an hire finanziell Stand zu all Ament iwwerwaachen. Mat user-frëndleche Plattformen, fannen eis Clienten et méi einfach hir Suen ze verwalten. Ausserdeem  spuert digitale Banking vill Zäit, well d'Waardezäite wesentlech reduzéiert ginn.

Et gëtt déi Clienten, déi léiwer an eng Agence kommen an da gëtt et déi, déi sichen éischter d'Bequeemlechkeet vum Online Banking. Wéi garantéiert d'Spuerkeess d'Balance tëscht deenen zwee?

Segmentatioun an „digital“ versus „net digital“ wier als Approche ze simplistesch well d'Präferenzen hänke vill vun den eenzele Besoinen of. Bei der Spuerkeess hu mir festgestallt, dass d'Konsumenten eng Bankerfarung wëllen, déi op hir spezifesch Bedierfnesser ugepasst ass. An deem Kontext ass et schlussendlech egal ob face à face oder digital.

Wéi garantéiert Dir eng perséinlech Clientserfarung?

Eise But ass et, all finanziell Situatioun eenzel z'analyséieren an individuell Léisungen ze fannen, déi am Beschten zu de Bedierfnesser vun de Clientë passen. Mir hunn en engagéiert Team vu Beroder déi ausgebilt goufen, fir eng personaliséiert Berodung ze ginn. Mir verstinn d'Wichtegkeet vu face-à-face Interaktioune fir Vertrauen opzebauen a Bezéiungen ze stäerken. Dofir hu mir eist breet Netzwierk vu Filialen oprecht erhalen, wou d'Clienten direkt mat eise Beroder kënne schwätzen. Als Äntwert op déi wuessend Nofro fir digital Bankléisungen hu mir vill an eis digital Infrastruktur investéiert fir sécherzestellen datt eis Clienten Zougang zu praktesche Servicer hunn. Eis mobil Banking App an Online Plattform goufe mat Benotzerfrëndlechkeet am Kapp entworf, wat Transaktioune  méi einfach mëscht, sou wéi och den  Zougang op Konte genee esou wéi den Zougang op eis Bankservicer.

An anere Wierder, Äert Zil ass et Är Clienten dat Bescht vu béide Welten ze bidden?

Genau, eng personaliséiert Bankerfahrung, déi individuell Bedierfnesser vun eise Clientë berécksiichtegt, gekoppelt mam Confort vun den digitale Léisunge suergt fir eng Transitioun tëscht analog an online. Eis online Immobiliëprêt Ufroe ginn un d'Beroder weider geleet fir dass si par la suite e personaliséierte Service bidde kënnen.

Wéi gesäit et aus mat der Cyber Sécherheet?

Mir hu fortgeschratt Sécherheetsmoossnamen an eis digital Plattformen integréiert fir sensibel Informatioun vun eise Clienten ze schützen. Mir verstinn d'Suerge ronderëm d'online Sécherheet, a mir hunn et zu eiser Prioritéit gemaach, fir sécherzestellen dass eis digital Bankerfarung sécher ass.

Wärend digitale Banking vill Virdeeler a punkto Confort an Accessibilitéit bitt, bleift déi perséinlech Clientserfarung am Banking awer weiderhi wichteg?

Jo, bei der Spuerkeess beméie mir eis fir e Gläichgewiicht tëscht digitalem Banking an der perséinlecher Clientserfarung ze fannen. Mir gleewen dass eise Clienten hir Schlësselamenter am Liewe vill Opmierksamkeet, Zäit an eng déif finanziell Iwwerleeung verdéngen - am Idealfall zesumme mat engem zouverléissege Finanzberoder. Alldeeglech Bankbedierfnisser erfuerdere Simplicitéit. Mir probéieren dëst ze balancéieren andeems mir Technologie benotze fir eis personaliséiert Offeren ze verbesseren, a gläichzäiteg eng gutt Expérience Client an der Agence bäizebehalen. Dës Approche erlaabt eis op déi verschidde Bedierfnesser a Virléifte vun eise Clienten anzegoen an dofir ze suergen, dass se bei eis déi bescht méiglech Bankerfarung kréien.

Liest och:

Spuerkeess: Gen Z und wie sie Bankgeschäfte tätigen?

Spuerkeess: Was wir konkret für unsere Kundschaft tun.

Spuerkeess: Spuerkeess Internet Banking

Back to Top
CIM LOGO