
Villen Entreprisen zu Lëtzebuerg feelt et oft un engem direkten Nofollger, deen d'Geschécker vun der Firma iwwerhuelen a leede kann. Dës Betriber sinn awer ganz oft gesond Betriber, déi op engem interessante Marché schaffen an d'Potential hu weider ze existéieren.
Beispill fir sou e Betrib ass d'Schlässerei zu Berbuerg, déi 2022 vum Christian Cortina a Sven Kinnen iwwerholl gouf. Zwee couragéiert a kompetent Leit, déi sech fir de Beruff interesséiert hunn a Loscht haten, sech an d'Direktioun vun enger Firma, als eegene Patron, ze engagéieren.
Ganz eleng hunn si dat awer net gemaach. Si ware frou, dass si nieft hirer Bank och aner Partner, sou wéi d'SNCI, op hirer Säit haten. Eng Firma ze iwwerhuelen oder opzekafen ass nämlech eng exigent an oft komplex a laangwiereg Affär.
D'Valeur vun der Firma muss festgeluecht ginn andeem hir finanziell Situatioun ënnert d'Lupp geholl gëtt. Et muss een och Kompetenzen a Saache Comptabilitéit, Gestioun, Personal an esou virun hunn.
Et ass wichteg dass d'Repreneure vun engem Betrib e komplette Finanzplang duerleeën, dee virun allem de Budget vun der Reprise festsetzt, deen d'finanziell Situatioun vum Betrib ënnert d'Lupp hëlt an eng ganz detailléiert Planung virgesäit. De Finanzement vun der Entreprise kann aus enger Kombinatioun vun Eegekapital, Bankkredit, Investisseuren oder aner Finanzéierungsforme bestoen.
D'SNCI versicht fir Är Finanzéierung en Equiliber ze fannen tëschent dem Deele vum Risiko an dem Kofinanzement mat de Banken. Déi zwee Associéë Christian a Sven konnte vum Programm ProTransfert vun der SNCI profitéiert, dee genee dozou do ass fir bei der Transitioun vun Entreprisë mat Kreditter ze hëllefen.
D'Schlässerei zu Berbuerg beschäftegt eng 30 Leit an hir Servicer a Produiten hunn sech a leschter Zäit staark developpéiert, esou dass ee soe kann dass de Betrib éischter optimistesch an d'Zukunft kuckt.
Et ass en Handwierksbetrib mat enger gewëssener Renommée, deen op d'Produktioun vu Metallprodukter spezialiséiert ass. Si maache Gelänneren, Dieren, Mauerofdeckungen a Rampen... op Mooss, fir Privatleit, wéi och fir Betriber, ganz no den individuelle Wënsch vun de Clienten. Dobäi steet Qualitéit an d'Zefriddenheet vun de Clienten am Mëttelpunkt.
„D'SNCI ass e vertrauensvolle Partner an huet mir a mengem Associé vertraut wéi et drëms goung, eis beim Iwwerhuele vun der Firma finanziell ze hëllefen. Natierlech hate mir en zolitte Business Plang deposéiert, deen se iwwerzeegt huet an deen och nach haut gëllt“, esou de Christian Cortina.
D'SNCI hëlleft den Entrepreneuren hir Firma opzebauen, ze developpéieren an ze innovéieren, oder wéi an dësem Fall, e Betrib ze iwwerhuelen. Wann och Dir e Projet hutt fir eng Entreprise, da kann d'SNCI Iech, zesumme mat Ärer Bank hëllefen. Kontaktéiert se direkt oder online.
Méi Info op snci.lu
