
D'Feierlechkeeten zum Joresenn sti virun der Dier. Eng Geleeënheet, fir sech mat festlechen an exquisitten Delikatesse vun der Bäckerei Fischer virzebereeden. Eise Chefpâtissier Marc a säin Team hunn d'Welt vum verzauberte Bësch als Inspiratiounsquell ausgewielt. Elo am Wanter hunn se sech mat Hëllef vun all deene klenge Schätz, déi sech um Bëschrand verstoppen, nei Desserten ausgeduecht an hiergestallt, fir Iech zum Staunen ze bréngen an Iech ze verwinnen!
Chrëschtdag steet virun der Dier! Et ass elo un der Zäit, den Dessert auszewielen, deen Äre Festdësch beräichere wäert. Eis traditionell Bûche gëtt et mat Bottercrème, Schockelasmousse oder och roude Friichten. Entdeckt vun elo un eis nei Gamm zum Joresenn mat märchenhaften Dekoratioune vum verzauberte Chrëschtdagsbësch.
Dëst Joer léisst d'Bäckerei Fischer déi traditionell „Schwarzwäldertorte“ nei opliewen a bitt Iech e Chrëschtdagsdessert, deen den Amateure vun dëser Schneekerei en eemolegt Erliefnes versprécht. De Schockelas- a Kakaosbiscuit gëtt mat zwou verschiddenen exquisitte Moussen – enger Kirsch- an enger Schockelasmousse – bedeckt. Dat Ganzt gëtt mat Sauerkiischte garnéiert, mat e wéineg Kiischtesirop iwwergoss a mat enger eleganter Schockelasdekoratioun gekréint, déi direkt vum Bëschrand kënnt: en Haus wéi aus dem Chrëschtdagsmärchen.
Déi zweet Kreatioun vun dësem Joer ass d'Bûche „Framboisine“, mat enger vanilleger Stoffismousse an engem Hambierskonfit. De Joconde-Biscuit mat Mandelen an de Krokant aus wäissem Schockela erënneren eis drun, datt de Schnéi zu dëser Joreszäit eis Bëscher mat engem wäisse Mantel bedeckt, an deem sech nach e puer Delikatesse verstoppen.
Si huet Iech d'lescht Joer verzaubert: D'Bûche mat roude Friichte feiert hire „Comeback“ ënner dem Motto vun de majestéitesche Wanterdännen. Op engem Mandelsbiscuit verschmëlzen d'Hambiersmousse an déi italieenesch Cassis-Crème mam Rout-Friichte-Konfit. De Krokant aus wäissem Schockela ronnt dësen Dessert of.
A fir d'Schockelasamateure proposéiert d'Bäckerei Fischer schliisslech hir Bûche mat Schockela a Praliné, déi aus engem Joconde-Biscuit mat Mandelen, engem knusperege Krokant aus Praliné an enger montéierter Schockela-Pralinés-Ganache hiergestallt gëtt. D'Dekoratioun erënnert och hei un d'Wanterfriichten, déi vun de Fischer-Wiichtelcher um Bëschrand, dee vun e puer fonkelnde Stäre beliicht ass, behidde ginn.
Mokka, Äerdbier oder Kirsch-Marzipan: Eis traditionell Bottercrèmesbûchë gi mat 100%-egem lëtzebuerger Botter hiergestallt. Wielt Äre Favorit aus ... ;)
Fir ëmmer um neiste Stand iwwer d'Aktualitéit vun der Bäckerei Fischer ze sinn, besicht eisen Internetsite a followed eis op Instagram a Facebook.