Verkéier war ganz ënnerbrachGréisser Problemer am ganze Zuchreseau no technescher Pann zu Beetebuerg

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem Stroumausfall zu Beetebuerg gouf de ganzen Zuchverkéier e Samschdeg de Moien fir eng annerhallef Stonn ënnerbrach.
© RTL Mobile Reporter

Wéi d'CFL en engem Communiqué matgedeelt hunn, gouf et e Samschdeg de Moien um 8 Auer eng Stroumpann zu Beetebuerg, déi dozou gefouert huet, datt den Zuchreseau bis 9h30 ënnerbrach war. Vun deem Ament un awer konnt den Trafic nees lues opgeholl ginn. Ma, wéi et weider vun der nationaler Bunn heescht, war d'Pann kuerz no 11 Auer nach net behuewen a verschidde Linne si weider vun dësem techneschen Tëschefall betraff.

Déi technesch Ekippe sinn am Asaz, fir eng Léisung fir de Problem ze fannen. Um Samschdeg de Moien ass een dovunner ausgaangen, datt et wuel bis 15 Auer kéint daueren, bis de Schinnentrafic nees normal rullt.

© RTL Mobile Reporter

All d'Detailer an d'Updates vum Tëschefall fënnt een um Internetsite vun den CFL

Back to Top
CIM LOGO